Formatioun fir d'“Référent.e.s pédagogiques“ fir d’méisproocheg Bildung
Description
Informatiounen:
Laut Gesetz (Loi du 29 août 2017 portant modification de la loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la Jeunesse) muss de Programm vun der méisproocheger Bildung an alle Crèchen ëmgesat ginn, déi mat Chèques-Service Accueil schaffen, a Kanner am Alter vun 1 bis 4 Joer betreien.
Am Kader vum Gesetz, bitt de Service National de la Jeunesse (SNJ) eng gratis Formatioun (30 Stonnen) an dësem Beräich un, fir nei “Référent.es pédagogiques” ze forméieren.
Pour le/la Référent.e Pédagogique de l'Éducation Plurilinguisme en collaboration avec le SNJ
Une fois votre formation validée vous devrez participer 2 fois par an à des journées de réflexions organisées par le Service national de la jeunesse (SNJ). C’est la raison pour laquelle nous allons vous demander de nous fournir votre email personnel afin de lui envoyer en semble avec votre nom et prénom. Pour toute information concernant ces données personnelles veuillez contacter le SNJ à l’adresse email suivante : dpo@snj.lu.
Descriptioun:
De Programm vun der méisproocheger Bildung (programme d’éducation plurilingue) an den ausserschoulesche Betreiungs- a Bildungsstrukture riicht sech un d’Kanner vun 1 bis 4 Joer. An deem Alter hunn d’Kanner déi beandrockend Fäegkeet, sech verschidde Sproochen op eng intuitiv an natierlech Aart a Weis unzeeegenen.
D’Zil vun der méisproocheger Bildung an der fréier Kandheet ass et d’Kanner op eng spilleresch an authentesch Aart a Weis bei der Entwécklung vun hiren individuelle méisproochege Ressourcen ze ënnerstëtzen. De Programm viséiert d’Loscht um Schwätzen an Interessi u verschiddene Sproochen erauszekëddelen. Ausserdeem geet et och ëm d’Erhéije vun der Chancëgläichheet an der Participatioun vun all de Kanner un eiser méisproocheger Gesellschaft.
De Programm vun der méisproocheger Bildung ass fest an de Mesurë fir d’Qualitéitsentwécklung vum non-formale Bildungssecteur verankert.
Déi méisproocheg Bildung ass näischt wat eemol fir Struktur festgeluecht an net méi geännert gëtt. Am Géigendeel, d’Ëmsetzung gëtt permanent un den Alldag vun de Kanner ugepasst. All Crèche muss dowéinst een oder eng “Référent.e pédagogique” bestëmmen, déi d’Ëmsetzung vun der méisproocheger Bildung am jeeweilege Service koordinéiert.
De Programm vun der méisproocheger Bildung stëtzt sech op dräi Sailen:
I. D’Familiariséiere mam Lëtzebuergeschen a Franséischen, sou wéi och d’Valoriséiere vun de Familljesproochen
D’méisproocheg Bildung erméiglecht de Kanner sech vun Ufank un mat der lëtzebuergescher Sprooch ze familiariséieren. Parallel dozou begënschtegt de fréie Kontakt mat der franséischer Sprooch e méi natierlechen a spillereschen Zougang zu dëser Sprooch. D’Valoriséieren an d’aktiivt Matabezéie vun all de Kanner hire Familljesprooche spillen och eng wichteg Roll.
II. D’Bildungspartnerschaft mat de Famillen
D’méisproocheg Bildung stëtzt sech och op de Partenariat mat de Famillen. D’Crèchen ersetzen net d’Sproocherzéiung an de Famillen, si kënnen se awer ënnerstëtzen. Dowéinst ass et wichteg dass béid Parteien sech austauschen a matenee schaffen, fir koherent Weeër ze fannen, déi d’Entwécklung beim Kand fërderen.
III. D’Vernetzung op lokaler Ebene
Als drëtt Sail erméiglecht d’Vernetzung op lokaler Ebene de Kanner vu kleng un de Kontakt mat der alldeeglecher Méisproochegkeet an eiser Gesellschaft.
De Programm vun der Formatioun ëmfaasst FËNNEF MODULER:
Zielpublikum:
Personnel dirigeant + Personnel éducatif
Beraïch:
Approches et méthodologies pédagogiques
Kategorie:
Education plurilingue